Sie sind hier
Eugène Berger
23/01/2020
Nach ëmmer fassungslos hu mer de leschten Dënschden di iwwerraschend Nouvelle vum Dout vun eisem laangjärege President, dem Eugène Berger kritt. Den Eugène huet iwwer 20 Joer och eis Sektioun mat sengem Asaz a senger Integritéit gepräägt. Hien war eis en Beispill un Engagement a Korrektheet an en super Kolleeg. Seng Leeschtunge wäerten eis nach laang inspiréieren. Mir trauere mat der Famill a sengen Léifsten. Mir vermëssen den Eugène a behalen hien ëmmer a beschter Erënnerung.