Sie sind hier

Plan sectoriel Logement: Keng massiv Urbaniséierung op «Hierschterbierg »

D'DP trëtt fir eng nohalteg Entwécklung vum Réiserbann an, dofir ass si och gewéinlech mat verschiddenen méi klengen Wunnprojeten averstanen. An de lëschten 12 Joer ass d’Bevëlkerung an der Gemeng em 30% gewuess. Dofir muss een sech d'Fro stellen wat verdréit d'Gemeng nach? Dofir war a bleift d'DP op enger klorer Linn: keng massiv Urbaniséierung mat Honnerten vun Wunnengen um Site "Hierschterbierg" zwëschen Bierchem a Béiweng!

Vill Awunner waren aus gudde Grënn schonn bei der Virstellung vum Bebauungsplang (PAG) 2015 géint esou e Megaprojet vun 21,3ha an dofir hat d'Majoritéit deemools déi ausgewise Fläch fir de Projet em 2/3 gekierzt. Elo huet d'Majoritéit LSAP-CSV sech awer iwwert d'Bedenke vun de Bierger ewech gesat, an huet am Kader vum néie Plan sectoriel logement fir dëse Groussprojet gestëmmt. D'DP ass net domat averstanen an huet och kritiséiert, dat d'Majoritéit d'Bierger mat engem Flyer ugeschmiert huet, andeems se esou geschriwwen huet, wéi wann de Schäfferot géint de Groussprojet wieren. Dat huet sécher och Léit ofgehalen, fir géint de Projet PSL Reklamatioune ze presentéieren.

D'DP huet nach eng Kéier un all Problemer erënnert, déi esou e Megaprojet mat sech bréngt. Bei esou engem iwwerdimensionéierten Projet entsteet praktesch e neit Duerf, agequëtscht zwëschen der Autobunn an der Eisebunn. D'Zoufaart zum Site gëtt nëmmen iwwert eng Säit an dat bréngt néi Verkéiersproblemer zu Bierchem a Béiweng an doriwwer eraus an der Gemeng. D'Gare vun Bierchem an den ëffentlechen Transport, déi elo schonn un hir Grenze stoussen sinn och net d‘Léisung.

D'Ofwaasserklärung bei esou villen Wunnengen op klengstem Raum ass ganz problematesch laut Experten vum Waasserwirtschaftsamt. Dobäi kënt dass déi zousätzlech Versigelung fir nach méi Problemer bei staarkem Reen wäert suergen, wéi déi déi mir bis elo schonn haten.

D'Liewensqualitéit am neie Quartier awer och zu Bierchem a Béiweng wäert sech duerch esou eng massiv Bebauung verschlechteren. E massive Zouwuess vun Awunner bréngt vill nei Ufuerderungen mat sech fir kommunal Serviceleeschtungen, Schoulen, Kannerbetreiung asw.. déi d'Gemeng net finanzéieren an och net esou schnell organiséieren kann. D’DP hat am Kontext vun der Presentatioun vum Schoulprojet hannerfrot ob déi geplangte Schoul zu Bierchem mam aktuellen PAG net schonn ze kleng wär, an dat op Grond vun der Äentwert vum Innenminister op eng „question parlementaire“ wou vun engem Zouwuess fir d‘Réiser Gemeng vu méi wéi 3000 Awunner riets geet. Et muss een also dovun ausgoën dass mat deem riese Projet des Zuel nach méi wäert klammen.

D'DP steet och net eleng do mat hire Bedenken, Ëmweltorganisatiounen a verschidden staatlech Verwaltungen hunn an der Vergaangenheet ob déi gravéierend Problemer déi wäerten duerch de Projet Hierschterbierg entstoën, higewisen.

AnhangGröße
PDF icon DP am Gemengerod 20.8.18_.pdf173.28 KB