Sie sind hier

Neie Bebauungsplang

News PAG Sandra Flammang Eugène Berger

Mir wollten d’Bierger mat an d’Ausaarbechtung abannen

D’Aarbechte fir e neie Bebauungsplang (PAG) vun eiser Gemeng sinn no laange Joren endlech fäerdeg ginn, an am Juni 2013 dem Gemengerot virgeluecht ginn. Dobaï huet d’DP drun erënnert, dat de Vote vum PAG eng vun de wichtegsten Ofstëmmungen ass, well domat d’Entwécklung vum Réiserbann op di nächst Joerzéngte festgeluecht gëtt.

D’DP hat dofir am Virfeld proposéiert, fir d’Leit aus der Gemeng méi mat an d’Ausschaffe vum neie PAG anzebannen, an dofir Gespréichsronne mat de Bierger ze organiséieren. Leider gouf eis Ufro awer vun der LSAP-CSV Koalitioun ofgewisen.

Och di bal 200 Reklamatiounen hu gewisen, dass net nëmmen e groussen Interessi bei de Réiserbänner fir de PAG besteet, mä dass der och vill net mam Projet vun der Majoritéit averstane sinn.

Falsch Akzenter an der Vergaangenheet gesat

Bei den Diskussiounen hunn eis Gemengeconseilleren Eugène Berger a Sandra Flammang kloer ënnerstrach, dass d’DP fir eng nohalteg Entwécklung an eiser Gemeng steet. Si hunn drun erënnert, dass an de vergaangene Joren eng Rei Entwécklunge falsch gelaf sinn, dat well di politesch Verantwortlech vun der LSAP a rezent och der CSV net di richteg Akzenter gesat hunn. Esou gouf bis haut keng eenzeg sozial Wunneng am Réiserbann geschaaft. Et si zum Deel vill ze grouss Residenzen erlaabt ginn, an d’Präisser fir d’Immobilien an eiser Gemeng sinn extrem an d’Luucht gaangen. 

D’DP ass fir eng nohalteg Entwécklung am Sënn vun der Liewensqualitéit

D’DP wëll eng nohalteg Entwécklung vun eiser Gemeng. An dem Sënn war d’DP averstan mat verschiddene klengen a sënnvollen Erweiderunge vu Wunngebidder wéi z.B. zu Peppeng oder zu Réiser. Mä, den Duerfcharakter an d’Liewensqualitéit mussen erhale bleiwen. De Réiserbann dierf net eng Virstad vun der Haaptstad ginn. 

Keng massiv Urbaniséierung tëschent Béiweng a Bierchem 

Dofir ass d’DP net averstan mat dem iwwerdimensionéierten neie Wunngebitt “Hierschterbierg”. Do huet LSAP-CSV iwwert de PAG de Wee fräi gemaach, fir massiv tëschent Bierchem am Béiweng ze urbaniséieren. Och wann de Projet net méi esou grouss ass wéi am Ufank geplangt, sollen do awer e puer honnert Wunnengen op klengstem Raum entstoen. E soziale Projet, dee vun der Gemeng gesteiert wier, ass net virgesinn. D’Majoritéit iwwerléisst d’Entwécklung an d’Präisser eleng de Promoteuren. Souguer di staatlech Instanze wéi den Ëmwëltministère an den Innenministère hunn ofgeroden, dëst Gebitt tëschent Béiweng a Bierchem an de PAG eranzehuelen. D’LSAP-CSV Koalitioun huet trotzdem anescht decidéiert, mä d’DP wäert och an Zukunft des Entwécklung genee am A behalen, a sech dofir asetzen, dass de Projet ëmgeännert a verbessert gëtt.