Sie sind hier

Editorial

EDITORIAL

 

Léif Biergerinnen, léif Bierger,

 

Dat neit Joer huet ugefaang, dofir wëll ech Iech am Numm vun der DP Réiserbann alles Guddes wënschen. Dat neit Joer soll sou verlafen, wéi Dir Iech et virstellt a ganz besonnesch wënsche mer Iech eng gutt Gesondheet, well dat ass a bleift ëmmer nach dat wichtegst!

 

Dat neit Joer ass och d'Geleeënheet fir e Réckbléck ze maachen op d'Aarbecht an den Engagement vun den DP-Gemengeconseileren an dëser aktueller Legislatur. Dem Sandra Flammang a mir war et wichteg ze weisen, dass een och an der Oppositioun eng wichteg a konstruktiv politesch Aarbecht ka leeschten. Mir hunn neie Wand an de Gemengerot abruecht an net gezéckt, fir onmëssverständlech op Problemer hinzeweisen. Eng ganz Rei mëndlech oder schrëftlech Froen oder Resolutioune sinn dofir vun der DP am Gemengerot abruecht ginn.

 

Virun allem awer hu mer eng ganz Rei Initiativen a Virschléi gemaach, fir d'Liewensqualitéit am Réiserbann ze verbesseren. Sief dat bei den Diskussiounen zum PAG, dem neie Bebauungsplang, bei den Iwwerleeungen zu engem bessere Verkéierskonzept, bei bezuelbare Wunnraum a villem méi. Mir hunn och ëmmer drop gehalen, dass d'Biergerinnen an d'Bierger aus der Gemeng méi an d'Entscheedunge matagebonne ginn. Leider ass dat bei der aktueller Majoritéit gewéinlech op daf Ouere gestouss.

 

Ech wëll awer och der ganzer Equipe vum Comité DP Réiserbann Merci soen, fir hiren Asaz an de verschiddene consultative Kommissioune vun der Gemeng, a bei de Virbereedunge vun de Gemengerotssëtzungen. Si hëllefen am Hannergrond mat, déi Initiativen a Positiounen auszeschaffen, fir déi mir zesummen am Interessi vun de Réiserbänner astinn.

 

Am Oktober 2017 stinn d'Gemengewalen un, an den nächste Wochen a Méint wäerte mer Iech soen, wéi mir de Réiserbann zesumme mat Iech mat Häerz a Séil gestalte wëllen. Mir sinn op alle Fall prëtt fir eis Verantwortung ze iwwerhuelen!

 

Eugène Berger

President DP Réiserbann