Sie sind hier

D'DP bréngt Verbesserungen beim néie Bautereglement

D’DP setzt sech fir en verbessert Bautereglement an

 

D’DP freet fir de Projet nach eng Kéier ze iwwerschaffen

Am Kader vum néie PAG soll d'Gemeng och hiert Bautereglement néi schreiwen an un di aktuell national Regelungen upassen. De Schäfferot hat am leschte Gemengerot vum 6. Februar 2017 e Reglement presentéiert, wou awer no Meenung vun der DP nach eng Réi Artikelen onkloer waren oder net richteg formuléiert waren.

 

Konstruktiv Propose vun der DP ugeholl

Dofir haten di 2 DP-Gemengeconseilleren Eugène Berger a Sandra Flammang gefrot, fir de Punkt vun der Dagesuerdnung erof ze huelen, an d'Bautereglement nach eng Kéier vun den Experten aus der Bautekommissioun oder dem Gemengerot kucken ze loossen. Dëse konstruktiven DP-Virschlag gouf vun der Majoritéit ugeholl.

 

Vill sënnvoll Virschléi abruecht

Ënnert dem Impuls vum Fabrice Pompignoli, dee Member an der Bautekommissioun ass, huet DP eng ganz Réi Propositiounen a Verbesserungsvirschléi ausgeschafft an erageschéckt. Déi goufen an enger spezieller Aarbechtssëtzung op der Gemeng diskutéiert an och zum Deel iwwerholl. Dofir steet elo näischt méi am Wee fir dat néit Bautereglement kenne gutt ze heeschen.